top of page

Nationale Programm vun der PID

2018

 

      Gesondheet & Medezin

 

  1. Entkriminaliséiere vum Cannabis Konsum oder Legaliséierung, déi de Konsum besser reguléieren géifen, an d'Aspueren vun Ausgabe fir d'Repressioun als Konsequenz hätt.

  2. Unerkennung a Promotioun vun der alternativer Medizin

  3. BIO bevirdeelegen & Gen-manipuléiert Iesswueren ganz verbidden.

  4. Remboursement vun de medizineschen Onkäschten zu 100%.

  5. 50% vun de Steieren déi iwwer Alkohol an Tubak ageholl ginn, sollen an d’Kranken-, Maternité- a Preventiounskees fléissen.

  6. Eng Préventiouskees schafen, déi fir den Ufank mat 0,5% vun den 2,8% Cotisatioun fir d’Gesondheetskees finanzéiert gëtt, a lues a lues klëmmt, bis béid Keesen mat jee 1,4% gespaist ginn.

    Aarbechtsmaart:

     

  7. Di gesetzlech Aarbechtszäit reduzéieren.

  8. All sozial Finanzhëllef, de Mindestloun a Gehälter an da Fonction Publique ëm 10% erhéijen.

  9. De bezuelten Congé fir d’Salariéen vum Privatsecteur un dee vum ëffentleche Secteur upassen.

  10. Selwecht Gehälter für Frae wéi Männer bei selwechter Aarbecht.

  11. Maximale Kontingent un prekäre Verträg an Entreprisen (net méi ewéi 10% a klengen & mëttleren Entreprisen) an net méi ewéi 5% a groussen Entreprisen)

  12. D’Recht op eng Aarbechtsplaz mat mënschewierdegem Akommes & Aarbechtsbedéngungen an da Verfassung verankeren.

  13. Ausbau vun da Mataarbechter Schoulung. Si gëllt als Schlëssel vir d'Bekämpfung vun da Aarbechtslosegkeet.

  14. D'Gehälter plafonnéieren, sou dass den Ënnerscheed tëschent dem nidderegsten an dem héchste Gehalt am Verhältnis 1 zu 20 an den Entreprisen ze begrenzen, an d’Bonien a d’Geschenker vun de Firmen un déi Salariéen an der héchster Gehalt s Klass méi héich besteieren.

  15. E Gesetz géint de Sozialdumping schafen.

  16. Eng Steier op déi vun da Notzung vu Roboter stamend Profitter erhiewen (fir, ënner anerem d’Finanzéierung vun engem universale Grondakommes), oder d’Beschafen vum Staat vun enger bezuelten Aarbecht fir den Notzen vun da Allgemengheet, an, vun 18 Joer un,  eng Form vum REVIS, deen net muss zeréckbezuelt ginn.

  17. Opstockung vun de Beamten vum Arbeitsamt.

  18. Zougang fir d’Chômeuren zur Aarbechtsmedezin, an hir déi néideg Mëttel fir eng echt Präventioun vu Risiken zoukomme loossen (psycho sozial, Pénibilitéit).

  19. Analys vun der “New Economy” (vun doheem aus schaffen, um Internet, digital Weer).

    Ekonomie

     

  20. D’Ofschafung vum Borgeld verhënneren.

  21. Handelsofkommen ewéi CETA, TAFTA & ähnlech verhënneren.

  22. De klengen a mëttelstännegen Entreprisen den Zougang zu den ëffentlechen Mäert erliichteren.

  23. Ofsécheren vun den industriellen Standuerten.

  24. Steierlech Virdeeler bei Liewensversécherungen op dat zu Lëtzebuerg investéiert Kapital begrenzen.

  25. Upassung vun de Steieren fir Entreprisen op Basis vun reinvestéierte Gewënner.

  26. Ëffentlecht Bankewiese schafen.

  27. Héich Immobilien Transaktiounen progressiv besteieren fir d’Klammen vun de Präisser vun den Immobilien ze bremsen.

  28. Akomme Steier: Net musse bezuelen bis Contestatioune gekläert sinn.

    Ëmwelt

     

  29. Naturschutz an d’Grondgesetz integréieren, d’Erhale vu propper Loft a Waasser abegraff.

  30. Déiere schützen andeems am Code Pénal méi haart Strofen fir Déierequälerei festgesat ginn.

  31. Unerkennung vum Déier als Liewewiesen.

  32. Déi lokal Produktioun vun erneierbaren Energien ausbauen, ënner anerem “Holz“, “Wand“ & “Solarenergie“.

  33. Recht op Notzung vun Energie aus eegener Produktioun.

  34. Aféierung vun Besteierung op Ëmweltverschmotzung.

  35. Bewegung a Richtung vun da Kreeslafwiertschaft (Recycling, lokal Ernärung, Kampf géint Verschwendung…).
    Verstäerkten Asatz fir Dämmung vu Wunnengen mat natierleche Stoffer.
    Versichen Schifer-Gas & d’Ënnerstëtzung vu fossille Brennstoffer ze vermeiden.

  36. Ënnerstëtzung vun da ökologesche Landwiertschaft, da Agroforstwiertschaft an da Permakultur.

    Sozial

     

  37. Aféierung vun engem bedéngungslose Grondakommes.

  38. Banne 5 Joer all Joer 1000 ëffentlech Wunnenge bauen, déi den ökologeschen Normen entspriechen.

  39. Eng universal Garantie vun de Loyeren muss d’Locataire besser schützen, an däerf e Kënnege vum Bail net zouloossen ouni dass fir eng nei Wunneng gesuergt ass.

  40. D’Recht op wunnen an da Verfassung verankeren.

  41. Erofsetze vun da Steierlaascht fir privat Stéit.

  42. Steier-Amnestie fir finanziell an Nout gerode Stéit, no enger Analys vun da Situatioun.

  43. Gesetzer am Zesummenhang mat haislecher Gewalt géint Fraen a Kanner verschäerfen, an e Gesetz fir de Kampf géint Sexismus schafen.

  44. D’Schafung vun Opfangzentren fir a vun Opfer vu Gewalt ënnerstëtzen.

  45. Eng reell Gläichheet zwëschen alle Mënsche schafen, andeem d’Wuerzele vum Rassismus ugegraff ginn, an all Form vun Diskriminatioun bekämpft ginn.

  46. Gesetzer zum Thema Prostitutioun iwwerschaffen, fir d’Entstoen vun Eros-Center-ähnlechen Etablissementer ze erméiglechen.

  47. D’Recht op Zougang zu ëffentlechem Eegentum wéi Waasser oder Som an da Verfassung verankeren, an dat mat Erkennen vu Prioritéit zwëschen Kollektivitéit a Profit.

  48. Etabléieren vun enger professioneller Sécherheets-Kees fir de Liewenswee ofzesécheren (Akommes Garantie, Recht op Weiderbildung, Zweck vun de Qualifikatiounen).

  49. D’Ëmsetzung vum INDEX iwwerschaffen.
    (Feste Betrag op den Mindestloun vum onqualifizéierten Aarbechter gerechent, anstatt e Prozentsatz vun der individueller Pai.)

  50. Gratis ëffentlechen Transport.

    Renten

     

  51. Berécksichtigung vun onangenehme Beruffer.

  52. Klengst Renten op de Mindestloun eropsetzen.

  53. Méi gerecht Regelung bei de Renten am Fall vu Scheedung.

    Educatioun a Weiderbildung

     

  54. Reform vum Schoulsystem. Elteren, Schüler a Léierpersonal an de Prozess mat abannen.

  55. Probéieren di manuell an/oder intellektuell Fäegkeete vun de Kanner esou fréi ewéi méiglech ze identifizéieren, fir se an déi richteg Richtung ze orientéieren.

  56. E Schoulfach schafen, dat de Schüler d’Erhalen vun der Gesondheet an eng gesond Ernierung no bréngt.

  57. De Schüler/Studenten méi Fräiheet bei der Auswiel vun hire Fächer ginn.

  58. De Kanner am Précoce aner Aktivitéiten ubidde, anstatt se ze forcéieren Franséisch ze léieren.

  59. Course sollen net virun 9 Auer moies ugoen.

  60. De Mësserfolleg duerch Schwächten an de Sprooche verhënneren.

  61. Den Elteren méi Optioune bei da Auswiel vum Schoulungssystem ginn (sudbury schools, anthroposophësche Schoulen)

    Politik

     

  62. Reform vum politesche System, fir d’Entstoe vun enger Regierung ze erméiglechen, an där Member vun méiglechst ville Parteien kënne vertruede sinn, ouni Koalitiounen.

  63. Eng digital Plattform schafen, fir dem Wieler op mannst 50% vum Stëmmrecht fir Gesetzer ze ginn

  64. Liewenslaang Spär fir all wéinst Korruptioun veruerteelt Persounen.

  65. De Wiessel zwësche privatem & ëffentlechem Domän stoppen.

  66. Zwang zu Transparenz vun de Verméigensverhältnesser fir gewielte Volleksvertrieder.

  67. D’staatlech Entschiedegung fir gewielte Vertrieder am Verhältnes zu hirem gesamten Akommes upassen.

  68. De Parlamentarier Moral bei der Indemnitéit, an besonnesch dem Gebrauch vun de ëffentlesche Mëttel un d’Häerz leeën.

  69. Verhäerte vun de Reegelen bei Interessekonflikter.

  70. D’Gesetzer am Zesummenhang mam wäisse Walziedel änneren.

  71. Gewielte Volleksvertrieder sollen no halwer Mandatsperiod ofgesat kënne ginn.

  72. Obligatoresche Referendum als Folleg vun Volleksbegier aféieren, an dat bei Sammlung vu 5.000 Stëmmen a méi.

  73. Demokratiséierung vum Zougang zu politesche Verantwortungen andeem e jidderengem politesche Congé accordéiert, ouni dass dës Persounen de Verloscht vun hirer normaler Aarbechtsplaz oder anere Rechter riskéieren, am Fall wou dës sech zur Wal stellen wëllen.

  74. Falls vun enger Verwaltung banne 6 Méint keng Äntwert op eng Ufro komm ass, soll d’Äntwert automatesch als positiv kënnen ugesi ginn.

  75. Manner Pabeierkrich an de Verwaltungen.

  76. Neien Opbau vum ëffentlechen Ënnerstëtzungssystem fir d’Press.

    Justiz a Police

     

  77. Ëmsetzung vun engem Plang fir d’Astelle vu Mataarbechter am Justiz System fir d’Entlaaschtung vun de Gerichter.

  78. Den Austrëtt vu Lëtzebuerg aus der NATO an d’Weeër leeden, an d’Arméi nei organiséieren.

  79. Astellung vu Prisongspersonal & Moderniséierung vum Inventar vun de Gardienen.

  80. D’Gerichter renovéieren an nei Raimlechkeeten fir d’Gerichter bauen.

  81. Festgesat Strofen iwwerschaffen fir d’Iwwerlaaschtung vun de Prisongen ze verhënneren.

  82. D’Prisonge renovéieren an d’Reintegratioun vun Gefaangenen an d’Gesellschaft förderen.

  83. Bekämpfung vun da Wiertschaftskriminalitéit duerch Schafung vun engem Gesetz géint Korruptioun & Interessekonflikter.

  84. Rekrutéiere vun administrativem & wëssenschaftlechem Personal bei da Police.

  85. Verbesserung vun da Ausbildung vun de Stagiäre bei da Police.

  86. Stoppen vun da Politik, da Zuel vu geplangte Verhaftungen hannendrun ze joen.

  87. Renovéieren vun de Kommissariater.

 

 

Dëst ass eng Lëscht vu Iddien déi d’PID wëll ëmsetzen, am Fall dass de Wieler ons déi Méiglechkeet gëtt. Evidenterweis géife mir ons awer niewent dëse Punkten och kompetent ëm déi Problemer këmmeren, déi kuerzfristeg optauchen, a wou akuten Handlungsbedarf besteet.

Sagen Sie uns ihre Meinung. Stellen Sie uns ihre Frage.

bottom of page