top of page

PID-News März 2018

Räich, aarm, fläisseg, liddereg

 

Dir Damen, dir Hären

Mir mussen ons Gedanke maachen iwwert:

  1. Wee ka räich genannt ginn?

  2. Wee kann aarm genannt ginn?

  3. Firwat sinn déi eng räich an déi aner aarm?

  4. Kënne mir de Statistike vum Staat, iwwert de soziale/finanziellen Zoustand vun de Leit, vertrauen?

  5. Kann een déi räich dozou beweegen fräiwëlleg e besseren Equiliber zwësche räich an aarm erbäizeféieren?

  6. Wee sinn déi Leit déi de momentane sozialen Zoustand weltwäit um Lafen halen, an net bereet sinn en zum Positiven fir déi grouss Mass ze änneren?

 

An alleréischter Instanz muss een sech emol bewosst sinn, dass et an der aktueller Gesellschaft net di fläissegst Leit sinn, déi am meeschte Suen hunn. 

E Mënsch, dee vu vir eran mat beschränkte mentalen & physesche Kapazitéite muss liewen, a vun doheem aus (Elteren & Grousselteren) net mat enger gudder finanzieller Situatioun geseent ass, huet am Liewen esou gutt ewéi keng Chance zu Wuelstand ze kommen, ausser en hätt Chance am Glécksspill. Esou e Mënsch kann dann nach esou fläisseg sinn, bleift trotzdem säi ganzt Liewen aarm. 

E Mënsch, dee beschränken intellektuell Kapazitéiten huet, awer handwierklech begaabt ass, ka säi Liewe laang fläisseg schaffen, kënnt op legalem Wee trotzdem ni zu Wuelstand.
D’Méiglechkeet, fir en intelligente Mënsch mat beschränken handwierkleche Kapazitéiten, op legalem an ethesch korrektem Wee zu Wuelstand ze kommen, ass ofhängeg vum finanzielle Startkapital, d.h. ofhängeg vum Wëllen an de Sue vun anere Leit. Fir en Intelligente Mënsch sinn d’Chancen allerdéngs méi grouss zu Wuelstand ze kommen, wéi fir déi aner. 

Mënschen, déi souwuel gutt intellektuell, ewéi och handwierklech Kapazitéiten hunn, si leider éischter seelen, hunn awer nach besser Chancen zu Wuelstand ze kommen ewéi déi virgenannte Kategorien. 

Zu gudder Läscht ginn et dann nach déi Zort vu Mënschen, déi net onbedengt extra intelligent sinn, awer ganz gutt auswenneg léiere kënnen. Dat sinn déi, di an onsem aktuelle Schoulsystem ëmmer ganz gutt Zensuren hunn, an optimal an den aktuelle System passen. Si hu gutt Chancen zu Wuelstand ze kommen. 

Et ass kengesfalls meng Intentioun, iergendeen ze diskriminéieren, oder ze attackéieren. Ech probéiere just Fakten duer ze leeën. 

Ech hunn och bis elo just vu Wuelstand geschwat, an net vu Räichtum. 

Et kann een also an éischter Linn dovunner ausgoen, dass déi aarm Leit net aarm sinn well se liddereg sinn, mee well se net déi noutwenneg Viraussetzungen erfëllen, déi néideg sinn fir zu Wuelstand oder Räichtum ze kommen.
Natierlech ka Lidderegkeet och e Grond sinn dass een ëmmer aarm bleift, mee Lidderegkeet ass ganz sécher net d’Viraussetzung fir Aarmut. Et hänkt ganz vun der finanzieller an intellektueller Basis-Situatioun of. 

Komme mir zu Punkt 1: 

“Ween ka räich genannt ginn?” 

A mengen An sinn déi minimal Viraussetzungen fir als finanziell räich ze gëllen:
Kapital a finanzieller an/oder materieller Form vun iwwert 1.000.000€ ze hunn, scholdefräi ze sinn, an e geregelt Akommes vun wéinstens 5.000€ netto ze hunn. Esou Leit mussen sech keng Gedanke maachen ob si sech et leeschte kënnen, ëmmer an de Cactus akafen ze goen, oder villäicht éischter an den Aldi oder Lidl.
Falls esou eng Persoun net scholdefräi ass, muss d’Kapital ëm de Betrag vun de Scholden méi héich sinn.
Wuel bemierkt, sinn dat a mengen An d’Kriterien no deenen ech déi klengste räich kategoriséieren. Iergendwou muss e jo ufänken.
Allerdéngs musse mir, wa mir vun Ëmverdeelung schwätzen, bei deene räichste Leit vun der Welt ufänken, bei deene mir ons bei engem Räichtum vun iwwer 50 Milliarden Euro bewegen. 

Punkt 2: 

“Wee kann aarm genannt ginn?” 

Dat ass a mengen An e bësse méi schwiereg.
Et sinn op jidder Fall Leit déi a kenger Form Kapital besëtzen, eventuell Scholden hunn, a manner ewéi 1700€ netto de Mount hunn, wat aktuell dem onqualifizéierte Mindestloun entsprécht. Am Fall vun engem REVIS Empfänger ass et esouguer nach manner.
Do ass d’Rechnung séier gemaach: 

Loyer fir e Studio vun 25-35m2 : ±700€ (ofhängeg vun der geographescher Lag)
Chargen fir d’Wunneng  : ±130€ (ofhängeg vun de Gemengentaxen, Heizung s Käschten an frais administratives) 

Stroumkäschten : ± 70-80€ (ofhängeg vum lokale Stroumpräis, an op e spuersam ass oder net) 

Transportkäschten (Bus & Zuch) : 18-50€ (ofhängeg vu wéi wäit e muss fueren) 

_______________________________________ 
Total:           -910€
Akommes: 1700€
                   _______
Bleiwen:      780€

Bleiwen also fir all déi aner Saachen (Iessen, Drénken, Kleeder, etc, etc, etc) 780€
Wéi gutt dës Persoun mat 780€ de Mount zu Lëtzebuerg eens gëtt, hänkt dann nach dovunner of ob et eng Persoun vun 1m50 mat 35-50kg ass, oder eng Persoun vun 2m00 mat 90-xxxkg. 

Fir esou Leit ass e regelméissege Besuch am Restaurant oder am Café keen Thema. Vun enger Vakanz guer net ze schwätzen. Esou Leit si gezwongen mannerwäerteg Iesswueren ze kafen, a sinn doduerch quasi gezwongen Massendéierenhaltung ze ënnerstëtzen, gëfteg Zousazstoffer an hirem Iessen a Kaf ze huelen, an och am Beräich vun den Hygiènesartikelen esou bëlleg ewéi méiglech anzekafen. Si lafen also éischter Gefor krank ze ginn, am Géigesaz zu deene Leit déi finanziell besser dru sinn. 

Punkt 3: 

“Firwat sinn déi eng räich an déi aner aarm?” 

Déi Fro hunn ech zum Deel schonn um Ufank beäntwert. Déi Fro déi sech nach stellt, ass: Wat sinn d’Viraussetzungen fir räich ze ginn, respektiv ze sinn? 

Déi ethesch/moralesch acceptabel Weeër:

  1. Et gëtt een an eng räich Famill eragebuer oder adoptéiert.

  2. Et huet een eng super kommerziell Iddi, déi e mat der Hëllef vun enger Bank, oder engem finanziell onofhängegen Investisseur ëmsetze kann.

  3. Et gewënnt e wéinstens 1 Millioun an der Lotterie.

 

Déi net ethesch, onmoralesch Weeër:

  1. Organiséiert Kriminalitéit, speziell den organiséierten Drogenhandel am grousse Stil, Erpressung, Mord.

  2. Geld verléinen dat e guer net huet, an dofir Zënse froen.

  3. Immobilien zu onrealistesche Präisser verkafen.

  4. Spekulatioun op de Boursen.

  5. De Mënschen iwwerliewensnoutwenneg Konsum-Gidder iwwerdeiert verkafen.

 

Punkt 4: 

"Kënne mir de Statistike vum Staat, iwwert de soziale/finanziellen Zoustand vun de Leit, vertrauen?” 

Dat ass genau esou eng delikat Fro ewéi: “Kënne mir dem Staat vertrauen”, oder “Kënne mir de Politiker vertrauen”.
Fir Statistiken als Duerstellung vun de Fakten unhuelen ze kënnen, misst 1. emol d’Situatioun vun all eenzelem Bierger betruecht ginn, wat awer net méiglech ass, an op där anerer Säit missten d’Kriterien vun esou enger Statistik zu 100% stëmmen, wat leider och net de Fall ass. Wann ons Regierung also seet “Lëtzebuerg geet et gutt”, muss een sech di Fro stellen, mengen si domat “Dem Land geet et wiertschaftlech gutt”, oder mengen se wierklech “De Bierger zu Lëtzebuerg geet et gutt”?
Ech sinn der Meenung dass laangfristeg gekuckt weder dat eent, nach dat anert stëmmt, well de Wuelstand vun haut, fir déi di en dann tatsächlech hunn, de Scholdebierg ass, dee jo iergendwann mat den Zënse misst zeréckbezuelt ginn, wat realistesch gesinn awer guer net méiglech ass.
Hei e Link zu dem Thema: 

https://www.nationaldebtclocks.org/debtclock/luxembourg 

Punkt 5: “Kann een déi räich dozou beweegen, fräiwëlleg e besseren Equiliber zwësche räich an aarm erbäizeféieren?” 

Dat ass zimlech onwahrscheinlech. Ech wëll domat awer net soen dass all déi, di ech als räich kategoriséieren, net bereet sinn anere Leit, déi finanziell net gutt do stinn, ze hëllefen. Et muss e jo en Ënnerscheet zwëschen engem Räichtum vun enger Millioun, an engem Räichtum am Milliarde Beräich maachen.
De grousse Problem ass, dass déi Ultraräich duerch hire Räichtum extrem Muecht hunn, a genau do läit d’Kromm an der Heck. Wann ech weess, dass ech mat mengem Räichtum Villes op der Welt beaflosse kann, sinn ech net bereet deen Afloss fir de Gudden Zweck ofzeginn. Schliisslech ass den Ultraräiche jo der Meenung, dass hien besser ewéi all di aner weess wou d’ Rees soll hi goen. 

Punkt 6: “Wee sinn déi Leit déi de momentane sozialen Zoustand weltwäit um Lafen halen, an net bereet sinn en zum Positiven fir déi grouss Mass ze änneren?” 

Déi Äntwert ass déi aller Einfachst. Et sinn déi, di finanziell am meeschte vun där aktueller Situatioun profitéieren.
Ech weess ween déi Leit an Institutioune sinn, behale mir et awer fir, déi hei net ze nennen. 

Fir ofzeschléissen nach eng leschte Fro:
Wann déi räichste Leit vun der Welt, déi mam gréissten Afloss, d’Situatioun net wëllen änneren, wéi soll déi grouss Mass, déi vun den Ännerungen am meeschte géif a misst profitéieren, dës Ännerungen erbäi féieren? 

Léif Gréis,

Christian Isekin

PID President

bottom of page